Skip to content

CSJ-CSV Formatiounsdag

Am Virfeld vum Referendum iwwer de Vertrag zu enger Europäescher Verfassung
organiséiert d’CSJ zesummen mat der CSV eng Formatioun mam Thema:

“La Constitution Européenne”

Dës Formatioun riicht sech un all CSJ an CSV Member an soll eis erméiglechen mat konkreten Argumenter de Leit ze erklären firwaat sie den 10. Juli sollen “Jo soën” zu der neier EU-Verfassung.

Et stinn zwee Datumer zu Verfügung :

Donneschdes 24. Februar 2005 vun 18.30 bis 20.00 Auer

Samsdes 26. Februar 2005 vun 10.00 bis 12.00 Auer

D’Formatioun gëtt vun engem «Formateur Constitution» vun der Lëtzebuerger Repräsentatioun gehal a fënnt statt am Gebai vun der “Commission européenne” am “Bâtiment Jean Monnet” um Kierchbierg. (Et ass fir genügend Parkméiglechkéeten gesuergt.)

Umeldungen w.e.g beim Marie-Jeanne Schauls am Generalsekretariat um: Tel 22 57 311 bis den 20. Februar 2005 oder per email um csv@csv.lu respektiv iwwer Fax 47 27 16.