zu Bieles am Battingshaus « A Gadder »
dëse Freideg, 13. Februar ëm 20 Auer
Déi Jonk an der CSV…de séchere Wee.
Présentatioun vun eise Kandidaten fir d’Chamberwalen am Süden:
Alexandra Bertemes & Laurent Zeimet
Wëlls du wëssen fir wat si sech engagéieren? Wëlls du hinnen eng Iddi mat op de séchere Wee ginn? Da komm op Bieles!Déi Jonk an der CSV.
De sëchere Wee.
Bezierkskongress vun der CSJ Süden
Freideg, den 13. Februar 2004
zu Bieles am Battingshaus « A Gadder »
Um 20 Auer
vun 19.30 Auer bis 20 Auer: Arrivée
Programm: 1. Deel:
Häerzlech Wëllkomm !
Begréissung duerch d’ CSJ-Sektiounspresidentin Karin Delmarko
CSJ Süden. E staarkt Stéck Minette.
Aktivitéitsrapport vun dem Vize-President vun der CSJ Süden Patrick De Rond
All about the money
Keesserapport vum CSJ-Bezierkscaissier Tom Penning
2003 : The Year before.
Rapport vun der CSJ-Bezierkspresidentin Alexandra Bertemes
Déchargen
Géint 20 Auer: 2. Deel:
Déi 2 Kandidaten vun der CSJ Süden
Alexandra Bertemes & Laurent Zeimet
Firwat mär an d’Chamber wëllen!
Duerno:
CSJ Iddi’ën am CSV Wahlprogramm.
Bréngt Är Iddiën, Proposen, Kritiken mat!
Zum Schluss:
Mots d’amitié vun den Gäscht
Eirewäin
Adresse vum Dag:
Battingshaus « A Gadder »
10, Rue de France
L-4446 Belvaux
(Wéi kommt Där dohinner? Wann Där vun Esch kommt, dann fuert Där bis bei d’Bieleser Gemeng an den Rond-Point. Där fuert dann Richtung « Rédange/ Frankräich », d.h. laanscht d’Gemengenhaus. Duerno riet aus (+/- 1000 m), bis Där riets eng Brëck gesidd. Do fuert Där dorënner duerch, dann direkt no lénks an dann ëmmer riet aus (+/- 700 m), bis Där op der rietser Säit en aalen restauréierten Bauernhaff gesidd -> Battingshaus!)
No dem Bezierkskongress ginn mär owes nach zesummen iessen. An zwar an den:
Restaurant Fu-Gui
1, Quartier de l’Eglise
L-4443 Belvaux
Ween mat iessen goën wëllt, soll sech w.e.g. beim Alexandra Bertemes (Tél.: 26 59 01 79; E-mail: aberteme@pt.lu) bis den 12. Februar 2004 umellen.
Den Bezierkscomité vun der CSJ Süden ass frou, Iech op hirem Bezierkskongress ze begréissen.