Skip to content

MORE ACTION 2004

E Samsden, 27. September 2004 ass CSJ-Nationalrot vun 15 Auer un zu Angelduerf!Léif Frënn,

Di lescht Rentrée vun dëser Legislaturperiod. An all Quartier Général ginn d’Walen 2004 préparéiert. Och bei der CSJ.

Dofir ass dësen Nationalrot besonnesch wichteg !

Fir wéi eng Themen wëlle mir eis prioritär an dëser Walcampagne asetzen ? Wéi eng Iddien wëlle mer am CSV-Walprogramm stoen hun ? Wéi wëlle mer d’Kandidaten aus der CSJ ënnerstëtzen ?

Wat sollen d’Beziirker an d’Sectiounen am Cader vun der Campagne maachen ?

Dës Froen sollen Samsdes, de 27. September diskutéiert an décidéiert ginn.

Awer och : Wéi feiere mer den 50. Anniversaire vun der CSJ ? Wéi kënne mer nei Leit fir d’Iddien an d’Aarbecht vun der CSJ gewannen ?

A mir wëlle Bilan zéien. Wat huet dës Regiirung fir déi Jonk gemat ?

Dofir : Keng Sectioun, Kee Beziirk soll dësen Nationalrot verpassen !

Fir 2004 : More Action an der CSJ. More Action an der CSV.
More Action am Land.

De Nationalrot no de Statuten:

Artikel 27

Der Nationalrat begreift die Mitglieder des Nationalvorstandes, der Bezirksvorstände und des Vorstandes der CSJ SaS.

Er tritt mindestens einmal im Jahr zur politischen Rentrée zusammen.

Er legt die politischen Prioritäten der CSJ für das kommende Arbeitsjahr fest.

Als Kontrollorgan gewährleistet der Nationalrat den Respekt der Parteistatuten, die Wahrung der programmatischen Richtlinien sowie die Ausführung der vom Nationalkongress getroffenen Beschlüsse.

Als beratendes Organ befasst sich der Nationalrat mit den Fragen, die ihm vom Nationalvorstand unterbreitet werden.

Er kann jederzeit vom Nationalvorstand mit Zweidrittelmehrheit einberufen werden.

Die Arbeiten des CSJ Nationalrates werden von der CSJ Nationalexekutive geleitet.

Programm :

15 Auer : Arrivée

15. 30 Auer : MORE ACTION. CSJ-Campagne 2003-2004.

Themen. Prioritéiten. Actiounen (National, am Beziirk, an der Sectioun).
Présentatioun, Diskussioun an Décisioun.

16.30 Auer : CSV. De sëchere Wee ?

Diskussioun mam CSV-Generalsekretär Jean-Louis SCHILTZ.

17 Auer : Schwaarz-blo Jugendpolitik zu Lëtzebuerg. E provisoresche Bilan.

Mat der Jugendministerin Marie-Josée JACOBS