Skip to content

Jidder Eenzelnen zielt?

Gëscht ass mat enger grousser Majoritéit d’Gesetz iwwert den Terrorismus an der Chamber gestëmmt ginn. Besonnesch Jonker hunn sech am Viirfeld vun dësem Vote kritesch mat deenen neien Dispositiounen ausernee gesat.

CSJ um 100,7Gëscht ass mat enger grousser Majoritéit d’Gesetz iwwert den Terrorismus an der Chamber gestëmmt ginn. Besonnesch Jonker hunn sech am Viirfeld vun dësem Vote kritesch mat deenen neien Dispositiounen ausernee gesat.

Och an der CSJ war nët jidereen vun dësem Gesetz begeeschtert.

Mir riskéieren an Zukunft Terrorist ze nennen, wat mer gëscht nach Fräiheetskämpfer genannt hunn.

D’CSJ war och géint d’Lex Greenpeace.

Ass dat kompatibel ?

Sech « déi Jonk an der CSV » nennen, a géint Projet’en sinn, déi vun enger Regiirung ënnert der Leedung vun der CSV virgeluegt ginn ?

Jo, ët ass nët nëmmen kompatibel, mee normal.

Sëcher dat schmaacht nët jidderengem a muss och nët all Dag viirkommen.

Mee Grondsätz sinn mol eben och eng Interpretatiounssaach an d’CSJ setzt mol en Accent anescht wéi d’CSV.

De neie Grondsatzprogramm vun der CSV dréit de nobelen Titel : Jidder Eenzelnen zielt !

En eidele Slogan oder Programm? Kéint sech deen nët och eng DP oder LSAP op de Fändel schreiwen?

Op alle Fall ass ët eng zolitt Aufgab, wann een dëse « Mot d’ordre » sérieux hëllt.

Zielt am Abléck wierklech jidder Eenzelnen ? Zielen Eenzelner méi wéi anerer ? Wat kann d’Politik iwwerhapt maachen fir z’ereechen dat jidder Eenzelnen zielt ?

Heescht jidder Eenzelnen zielt, dat mer jiderengem musse nolaafen an nom Mond schwäetzen ?

Oder heescht ët dat jiddereen gebraucht gët awer nët alles gemolt kritt ?

Huele mer wierklech jiddereen sou wéi en ass ?

Wéi hale mer ët mat Auslänner ? Flüchtlingen ? Senioren ? Kranken an Handicapéierten ?

Wéi eng Efforten maache mer fir schwaache Schüler ze hëllefen ?

Si mer bereet schwul a lesbesche Koppelen méi Rechter ze ginn ?

Si mer bereet och Liewen ze schützen, wat nach nët gebuer ass ?

Wat ziele fir eis déi an der drëtter Welt ?

Jo, ech wees ech klengen bal wei de Paschtouer an der Kierch.

Mee u sech well ech just probéieren ze weisen, wat Konsequenzen kënne sinn wa mer soen « Jidder Eenzelnen zielt ».