Skip to content

CSJ um Radio

Fräi politesch Tribün vun der CSV op RTL mam Laurent Zeimet

Thema: Loscht op Europa.Gudde Mëtteg?

De Joseph Bech ass manner wéinst séngen rentepoliteschen Reformen bekannt, wéi fir säin europäescht Engagement.

Niewt Robert Schuman, Alcide de Gasperi a Konrad Adenauer ass hien ee vun de Päpp vun der europäescher Integratioun.

Wat si virun 50 Joer ugefang hun, misste mir haut weiderfeieren.

50 Joer CECA, 50 Joer Europaparlament? 50 Joer europäesch Integratioun?an dach schéngen nët vill Leit den Duerchbléck ze hun.

Kee Wonner. Besonnesch kloer war di ganz Entwécklung jo och nët.

Firwat also elo Loscht op Europa ?

Loscht op Europa

Heiheem heescht fir Versteesdemech suergen. Deenen hëllefen sech bei eis anzeliewen, déi zu Lëtzebuerg eng nei Heemecht fannen. D?Lëtzebuerger Sprooch léieren ass sëcher kee schlechte Wee. Mee da musse mer och déi neideg Cours?en ubidden. A selwer mat eiser Sprooch besser ëmgoen.

Loscht op Europa

Virun der Hausdiir. An der Groussregioun. Vill Leit kommen iwwert d’Grenz bei eis schaffen. Eng ganz Reih Suergen, wéi zum Beispill Verkéiersproblemer, kréien mer nëmmen an de Grëff wa mer nach méi mat de Noppeschregiounen zesummesschaffen.

Loscht op Europa

Zu Bréissel, do gët elo um Konvent ënnert dem « fréiere franséische President Giscard » u Proposen gebastelt, wei de politesche System vun der « Europäescher Unioun » ka méi efficace organiséiert gin. Am Dezember soll en éischte Bilan vun den Aarbechten gemat gin.

D?CSV ass och mat hiirem neie Grondsazprogramm fir eng föderal Organisatioun vun der Europäescher Unioun. Wat heescht datt ?

1. heescht ët mir wëllen op kee Fall zréck an den ale Nationalstaat, wou jidereen mécht wat e wëllt a nëmmen no sech kuckt. An deem System huet Lëtzebuerg keng Chance.

2. heescht ët : mir sin nët fir en Europa, wou alles zu Bréissel zentral décidéiert gët oder wou Bréissel sech an alles amescht.

D?CSV engagéiert sech fir en Europa : wou définéiert gët wien wat soll maachen.
Décisiounen sollen do geholl gin, wou een no um Problem drun ass.
Europa muss och méi demokratesch gin.

Och domadder schéngt jidereen d?accord ze sinn.

Mee och wa mir eis heiheem iwwert all dat eens sin, hu mer nach keen an
anere Länner iwwerzeegt.

Dofir muss och d?CSV am Cadre vun der Europäescher Vollékspartei no Alliéierten sichen, wat nët ëmmer einfach ass.

Vill komesch Parteien sinn an de lëschte Joeren hei zesumme komm, a wann ech mer datt sou iwwerleen ass de Joseph Bech mer awer méi sympathesch wei de Silvio Berlusconi.