Stand op der Porte ouverte

D’Porte ouverte vum Haff war e groussen Erfolleg.  D’CSJler hate dunn och de ganzen Dag all Hänn voll ze dinn. E grousse Deel vun de Recette wäert dann awer fir e gudde Zweck gespennt ginn. A nieft verschiddene lokale Politiker hat sech och den een oder aneren aus der nationaler an Europapolitik ënnert d’Leit gemescht.…

Grënnung CSJ

Nieft Käl-Téiteng ass et Wolz, wou sech elo am Juni engagéiert CSJler zesummfonnt hunn, fir eng nei Jugendsektioun ze grënnen a sech an de näschte Joeren fir déi Jonk an hirer Gemeng staark maaache wëllen. Ugefouert gëtt déi nei Equipe vum Georges Bley (President). Sekretär ass de Pit Hetting. Wëll dann awer och de Spaass…

CSJ Grënnung

“An eiser Famill gëtt diskutéiert, et kann ëmmer ëm d’Saach an am géigesäitege Respekt gestridde ginn”, sou de Jean Weiler, Sekretär vun der CSV Käl-Téiteng, en 18. Juni op der Grënnungsversammlung vun der lokaler CSJ Sektioun. D’CSJ wär do fir hir eege Meenung ze soen an an der CSV wär e frou nees eng  Jugendsektioun…

Stand zu Munneref

D’CSJ Kanton Réimech war dëst Joer erëm zesumme mat der CSV Mondorf um Stroossemaart zu Munneref vertrueden. Duerch dat sonnegt Wieder war et och dës Kéier nees e groussen Erfolleg an d’CSJ huet fläisseg Sangria, Quiche Lorraine an Uebstzalot verkaaft.

Ach, die Werte!

Zesumme mam Erny Gillen, Generalvikar, dem Paul Galles, Responsabel vu Young Caritas, an dem Pierre Lorang, Generalsekretär adjoint vun der CSV, hu mir e Samschde iwwert d’chrëschtlech Sozialléier, d’Plaz vun de Grondwäerter an der Politik an d’Roll vun Jugendparteien an der Gesellschaft diskutéiert.

Zu dräi am Dräilännereck

Im Dreiländereck in Perl kam es am 2. Juni 2012 zu einem Treffen zwischen der Jungen Union Saar, des Jeunes populaires aus der Umgegend von Forbach und der CSJ. Vertreter für die CSJ waren Pit Dahm und Christophe Hansen als Vertreter des Nationalvorstandes, wie auch Julie Wieclawski als Internationale Sekretärin. Zusammen ließ man  den Abend…

CSJ Nationalcomité vum 25. Mee 2012

An hirem Comité vum 25. Mee huet déi national Equipe vun der CSJ de neie CSV Generalsekretär, Laurent Zeimet, empfaang. An engem oppenen a liewege Meenungsaustausch, hu mir zesummen iwwert d’Aarbecht an der Partei an déi politesch a wirtschaftlech Situatioun am Land diskutéiert. Am Fokus stoungen dobäi  d’Wënsch an d’Intressien awer och d’Roll an d’Erausfuerderunge…

Comitésëtzung

De 16. Abrëll hat d’CSJ Zentrum hir lescht Comitésëtzung ofgehal. An enger gudder Stëmmung gouf iwwer déi politesch Aktualitéit geschwat. Och goufen déi 4 Delegéiert fir an den CSV Zentrumscomité bestëmmt. An Zukunft wäerte mir do vum Guy Wester, de Philippe Majerus, Jacques Pütz an de Vincent Staudt vertruede ginn.

Trotz Réckschléi nimools opginn!

Mam CSJ-President Serge Wilmes am Gespréich

De Kongress vun der chrëschtlech-sozialer Jugend war e vollen Erfolleg. Ëm déi 90 Jonker sinn e leschte Samschden zu Péiteng zesummekomm, fir sech Gedanken iwwert Themen ewéi d’Schoul, d’Pensiounen an d’Asylpolitik ze maachen. De Nationalpresident Serge Wilmes gouf vum Kongress mat grousser Majoritéit erëmgewielt.