Äddi Luss

An dëse Stonne voller Leed an Trauer ëm hire léiwe Verstuerwenen, onse Frënd, Deputéierten an CSV-Fraktiounspresident, de Lucien Thiel kënne sech seng Fra, seng Kanner an seng ganz Famill dem Matgefill a Bäileed vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend sécher sinn! D’CSJ wäert de Luss als ee groussen Deputéierten, häerzensgudde Mensch a virun allem wertvollen Ënnerstëtzer…

Journée de Réflexion

E Samschden, de 6. August, hat d’CSJ hir Journée de Réflexion um Stau, wou d’Thema Logement kontrovers debatéiert ginn ass. De Minister fir nohalteg Entwëcklung, Claude Wiseler, huet mat den CSJ’ler iwwer d’Erausfuerderungen an d’Zukunft vun der Transportpolitik diskutéiert.

Jux-Fussballs-Tournoi

D’CSJ Kanton Réimech hat den 2. Juli zesumme mam Club des Jeunes vu Bous e Jux-Fussballs-Tournoi organiséiert! Fir déi éischt Editioun hunn direkt 16 Equipen deelgeholl, déi verspreet aus dem ganzen Land komm sinn. Gewonne gouf den Tournoi vun der Equipe FC Independence 75!

Table Ronde zum Thema Edukatioun

D’CSJ Osten hat den 10. Juni eng Table Ronde zum Thema Edukatioun a Chomage an der Wäistuff A Possen organiséiert. Um Debat hunn deelgeholl: de Claude Gretsch vum ADRenalin, de Serge Wilmes vun der CSJ, de Philippe Schockweiler fir Déi Jonk Gréng, de Sven Graas fir déi Jonk Lénk, de Lex Delles fir d’JDL an…

Äddi Mill

An dëse Stonne voller Leed an Trauer ëm hire léiwe Verstuerwenen, onse Frënd de Mill Majerus, kann sech seng Famill dem Matgefill a Bäileed vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend sécher sinn! D’CSJ wäert de Mill als engagéierte Chrëscht an Deputéierten souwéi als Ënnerstëtzer vun deenen Jonken a beschter Erënnerung halen! An déifstem Respekt, Chrëschtlech Sozial…

CSJ-Nationalcomité vum 21.01.11

Freides den 21.01.2011 huet d’CSJ den CSV-Europa-Deputéierte Frank Engel an hirem Nationalkomitee begréisst. De Frank Engel war ee vun de 2 CSJ-Kandidate bei den Europawahle vum 7 Juni 2009 an hat nom Wahlowend de Sprong an d’Europaparlament gepackt. Hien ass mat eis virun allem Europa-Politesch Dossieren duerch gaang an huet op grouss Baust?llen an Erausfuerderunge…

Generalversammlung CSV International

De Méinden 29. Dezember 2010 hat d’CSV-International hir Generalversammlung am Restaurant Siewenburen an der Stad. Während dëser Versammlung huet d’CSV-International, déi schon zënter 2008 aktiv ass, een Comité an een Exekutiv gewielt. D’CSV-International huet sech dëst Joer eegen Statuten ginn déi vum CSV-Nationalkongress am März 2011 sollen ugeholl ginn fir dat aus dëser Sektioun eng…