YEPP-Kongress 2013

De YEPP (Youth EPP) Kongress huet vum 9. op den 11. Mee zu Sofia stattfonnt. De bulgaresche Premier Boiko Borissov an de President vun der EVP Wilfried Martens waren och een Dag dobäi an hunn ënner anerem bei enger Manifestatioun fir den Europa Dag matgemaach. Fir d’CSJ war de Thomas Schmitz op Sofia gefuer. Eng Revisioun vun de Statuten an eng Rei Amendementer zum politesche Programm goufen ugeholl, esou och een Amendement vun der CSJ, dee ganz kloer fir e föderaalt Europa steet.

Details

CSJ on Tour 2013

Vill Jonker a CSV-Mandataire hate vun der Geleeënheet profitéiert an der Life Bar an engem relaxe Kader zesummen ze diskutéieren. E ganz grousse Merci fir de flotten an interessanten Owend un eis Ministeren Françoise Hetto-Gaasch, Octavie Modert, Marc Spautz a Claude Wiseler, un de Chamberpresident Laurent Mosar, un d’Partei- a Fraktiounspresidente Michel Wolter a Gilles…

Details

Emaischen 2013

E Méinde waren eis CSJler aus dem Süden nees zu Nouspelt op der Emaischen am Asaz. Awer och eng Réi Mandatairen vun der CSV haten sech den Dag Zäit geholl fir déi jonk Equipe ze ënnerstëtzen.