Skip to content

Logement

An Zäite wou d’Präisser vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg kontinuéierlech klammen, gëtt et ëmmer méi schwéier fir jonk Leit, sech den Dram vun enger Eegewunneng ze verwierklechen. Zemools den Zentrum vum Land ass vun deem Phenomen betraff. Dëst feiert dozou, dass déi jonk Leit a Famillen sech keng Wunneng méi an hirem heemesch Duerf oder Ëmgéigend kenne leeschten, an huet zur Konsequenz dass verschidde Lëtzebuerger sech eng Wunneng am Ausland musse kafen.

Am Aarbechtsgrupp Logement diskutéiere mir iwwert déi verschidde Méiglechkeete fir deene Jonken de Wee zur éischter Wunneng ze erliichteren an iwwert Possibilitéiten fir des Situatioun ze änneren.

Bob Biver, Responsabel AG “Logement”
Kontakt: csj@csj.lu