Hei fënns du all d'Informatiounen.
D'CSJ ass flott! Klick hei a lies firwat.
Freides, 20 November 2009 11:19
Den 19 November 2009 an Europa geet eng néi Zäitgeschicht un.
Weichen vir Zukunft vun Europa si gestallt an zwee Posten voller Verantwortung vir Europa si verdeelt.
EU-Präsident Herman van Rompuy, Ausseministerin Catherine Ashton, och wann vill Leit di Wahl net verstinn, esou hunn och si zwee eng Chance verdéngt! Hale mir hier Aarbecht di nächst 2 an en halleft Joer (aller eicht Amtszäit) ganz kritesch am A, an zéien dann eréicht Konklusiounen. Alles anescht bréngt Europa net virun! An dem Sënn wënscht d'CSJ hinnen zwee eng glécklech Hand a vill Fäigefill fir Zukunft an kann nëmmen hoffen dass si dat bescht am Sënn vir Europa an d'Welt maachen an de Sozialen Charakter als Pflicht ugesinn...
Freides, 13 November 2009 17:37
Och dëst Joer war d'CSJ nees op der Foire de l'Étudiant mat engem Stand vertrueden. Mir hunn Orangen ausgedeelt a Flyeren ënnert d'Leit bruecht. E grousse Merci un all d'Leit déi eis gehollef an ënnerstëtzt hunn, an un d'Leit déi eis besicht a mat eis diskutéiert hunn. E puer Fotoe vun eisem Stand fënns du an eiser Galerie.Freides, 06 November 2009 13:40
„Die treibende Kraft der CSV"Serge Wilmes und Georges Weber als Führungsduo bestätigt.
Wie Phönix bei Harry Potter: Die CSJ steht für die ständige Erneuerung der CSV, sagt Parteipräsident François Biltgen.
von Alex Donnersbach
Am vergangenen Freitag wurde Serge Wilmes mit 55 Ja-Stimmen bei vier Gegenstimmen als Präsident und Georges Weber als Generalsekretär auf dem Wahlkongress der Christlich-Sozialen Jugend (CSJ) in Walferdingen bestätigt.
Samsdës, 31 Oktober 2009 18:42
am Numm vun der CSJ wëlle mir deene ville Jonken a Frënn, déi gëschter Owend op eisem Wahlkongress zu Walfer waren, nach eemol ee groussen Merci soen fir hir Präsenz, hir Ënnerstëtzung an hiert Vertrauen!
Dir hutt all dozou bäigedroen, datt et een interessanten Kongress war, an deen neien Nationalcomité freet sech fir kënnen an deenen nächsten 2 Joer mat iech zesummen ze schafen.
Dir kënnt elo scho Fotoe vum Kongress an eiser Galerie kucke goen.
Nach eemol een groussen Merci un Iech!
Mat beschte Gréiss,
Serge Wilmes, CSJ-Nationalpresident
Georges Weber, CSJ-Generalsekretär
Weider liesen...
Säit 4 vun 6






