Skip to content

Communiqué de Presse – Elections communales à Weiler-la-Tour

Verantwortung fir de Vincent Reding

 

Alea iacta est – De Würfel ass gefall. Mat engem excellente Resultat vu 729 Stëmmen bei nëmmen 1.329 ageschriwwene Wieler huet de Vincent REDING (25) sech bei senger 1. Kandidatur mat 63 Stëmmen virun der aktueller Buergermeeschtesch Cécile Hemmen (61) an der Gemeng Weiler-la-Tour (op Lëtzebuergesch Weiler zum Tuerm) duerchgesat.

Mam Zil sech als Jonken fir seng Gemeng an hir Bierger ze engagéieren krut hien vun de Weiler Bierger hiert Vertrauen méi wéi däitlech ausgeschwat.

Aus dësem Grond appelléiert d’CSJ un déi aktuell Buergermeeschtesch Cécile Hemmen esou wéi un all déi aner Leit aus dem Schäfferot, dat méi wéi däitlecht Resultat ze respektéieren an dem Vincent REDING déi Verantwortung ze iwwerdroen déi de Wieler him zougesprach huet.

 

Matgedeelt vum CSJ Nationalcomité

Dëse Communiqué eroflueden