Skip to content

Fir e solidarescht Europa

Mir wëllen an engem vereenten a solidareschen Europa liewen, an engem Europa, an dem elementar Fräiheeten a Prinzipien, ewéi Demokratie a Rechtsstaat, ewéi Mënschewürd a Mënscherechter héichgehale ginn. No bannen an no baussen.

Mir wëllen eng europäesch Zivilgesellschaft, déi net nokuckt, mä agéiert, wann eis Wäertefundamenter a Gefor sinn. Déi sech géint Ofschottung an Ausgrenzung, géint Diskriminatioun an Intoleranz wiert.

Mir wëllen een Europa, dat, zesumme mat senge Memberstaaten, seng Bierger schützt. Virun Terror, Gewalt a Krich. Awer och virun Aarmut an engem Liewen ouni Aarbecht a Perspektiven. Een Europa, dat de Wäert vum Mënsch an d’Liewensqualitéit vu senge Bierger an de Mëttelpunkt stellt.

Mir wëllen een Europa, dat d’Erausfuerderunge vun der Zukunft gemeinsam ugeet. Een Europa, dat och am Klimaschutz an an der technologescher Innovatioun Virreider ass. Een Europa, dat sech senge vergaangene Leeschtunge bewosst ass, awer net stoe bleift, mä weider ambitiéis de Wee vum Fortschrëtt sicht.

Dëst ass eisen europäeschen Dram. Dofir setze mir eis an! Dofir kämpfe mir!

[dt_quote type=”pullquote” layout=”left” font_size=”big” animation=”none” size=”1″]« La Communauté économique européenne ne vivra et ne réussira que si, tout au long de son existence, elle reste fidèle à l’esprit de solidarité européenne qui l’a fait naître et si la volonté commune de l’Europe en gestation est plus puissante que les volontés nationales. »
Joseph Bech / Signature des traités de Rome 25 mars 1957[/dt_quote]