Skip to content

Invitatioun CSJ-Nationalkongress 2017

De 4. Mäerz: Häerzlech Wëllkomm zu Beetebuerg!

De 4. Mäerz ass den CSJ-Nationalkongress zu Beetebuerg am Schlass (Beetebuerger Gemeng) – 13, rue du Chateau. Am Mëttelpunkt stinn de Réckbléck op dat vergaangent Joer an den Ausbléck op d’Gemengewahlen 2017. Mir freeën eis zesumme mat iech déi 13 eragereechte Resolutiounen ze diskutéieren.

Op dëser Plaz fannt dir déi gutt gefëllten Dagesuerdnung.

Opgepasst. Wéinst de ville Resolutiounen hu mir de Programm missen ausdehnen. Den Ufank ass um 9h. Schluss vum Kongress ass géint 15h.

All weider wichteg Dokumenter fir de Kongress fannt dir op dëser Säit. Wann dir Froen hutt, kënnt dir se gären un csj@csj.lu schécken oder schreift e Kommentar ënnen op dëser Säit.

CSJ Nationalkongress 2017

[dt_divider style=”thick” /]

A punkto Amendementer

Bei den Dokumenter alleguerte gëllt: Falls dir wëllt Amendementer maachen, sollen déi iwwert d’Sträichen oder Verbesserunge vum Inhalt vum Dokument goen. Amendementer kënnen natierlech och just iwwert déi Texter hei goen, déi nach net ofgestëmmt sinn – heescht Positiounen, déi vu Kongresser vun de leschte Joeren ugeholl goufen, kënnen net amendéiert ginn. Amendementer däerfen natierlech och de Prinzip vun enger Resolutioun net komplett änneren.

Weist d’Schreiffeeler roueg un! Mä dofir ass awer keen Amendement néideg. Wat déi final Mise en page ugeet, gëtt déi nom Kongress gemaach, wann d’Texter definitiv sinn.

Amendementer kënne bis den 2. Mäerz schrëftlech un csj@csj.lu geschéckt ginn. Se kënnen awer och um Kongress schrëftlech beim Kongressbüro hannerluecht ginn. De Kongressbüro kann och um Kongress selwer op Basis vun de Diskussiounen nach Ännerungen ausformuléieren.

Wann dir en Amendement schrëftlech erareecht, gitt bei de Resolutioune w.e.g. d’Linnenzuel an och d’Säit un.

[dt_divider style=”thick” /]

Resolutiounen

  • CSJ Nationalcomité

Résolution_économie circulaire
Resolutioun_Lëtzebuerger Sprooch
Resolution_Finanzsituation verwitweter Eheleute
Resolutioun_Gemeng vu muer
Resolution_Es ist kein Verbrechen arm zu sein
Résolution_inégalités santé
Resolution_Prostitution in Luxemburg
Resolution Europa

  • CSJ Schüler a Studenten

Resolution_Zivildienst

  • CSJ Norden

Résolution_gentrification

  • CSJ Süden

Resolution_RMG

  • CSJ Zentrum

Resolutioun_Mobilité Douce

  • Aarbechtsgrupp Logement

Resolutioun_Wunnengsbaupolitik