Skip to content

Eng Tiitche vum Kleeschen

Eis Positioun a punkto Legaliséiere vum Cannabis

Oppe, sozial a responsabel

Eise neie Slogan „Oppe, sozial a responsabel“ spigelt d’Grondwäerter erëm op déi mir eis Politik baséieren. Oppe steet fir d’Personalitéit, déi individuell Würd, Fräiheet awer och fir Toleranz. Sozial steet fir d’Solidaritéit a sozial Gerechtegkeet. Responsabel steet fir de Nohaltegkeetsprinzip an eis Verantwortung, déi mir fir eis Gesellschaft an eis Matmënschen droen.

Des Prinzipie fënnt een also zum Beispill och an eiser Positioun betreffend d’Diskussioun vum Legaliséiere vum Cannabis erëm. Eng Positioun déi d’Bréck schléit tëscht individueller Fräiheet, Solidaritéit a Verantwortung vis-à-vis vun eise Matmënschen.

  • Fir de medezinesche Gebrauch, solle Medikamenter op Basis vu Cannabis, déi vu Laboratoiren entwéckelt ginn a sech op eng fundéiert Recherche berouen, erlaabt ginn. Wichteg ass awer datt des Medikamenter just vun Apdikte verkaf ginn an datt et och genuch Kontrolle ginn, souwuel beim Verkaf wéi och bei den Dokteren déi se verschreiwen. Tracabilitéit vun dëse Substanze muss och garantéiert an aus legal kontrolléierten Ubau staammen.
  • Droge sollen op kee Fall banaliséiert ginn. Wichteg ass et, datt et verstäerkt Präventiouns- an Opklärungscampagnë ginn an datt d’Drogen am globale Kontext vum Drogekonsum zu Lëtzebuerg beliicht ginn an net just de Gebrauch vu Cannabis eenzel diskutéiert gëtt.
  • Den eegene Konsum an also och de Besëtz vu klenge Quantitéite vu Cannabis soll an eisen Aan bei Volljährege manner streng penaliséiert ginn. Dëst kéint geschéien duerch eng Ëmännerung vum Gesetz vum 19. Februar 1973 iwwert d’Verkafe vu medikamenteusen Substanzen an de Kampf géint Drogenofhängegkeet. Eis Legislatioun misst dofir definéiere wéi eng Quantitéite maximal fir de perséinleche Gebrauch zoulässeg wieren. An deem Fall sollten da manner streng Regele gëllen. Et kéint ee sech z.B. virstellen dat an deene Fäll keng „Amende correctionnelle“ méi ze bezuele wier an dat déi strofrechtlech Fait’en just géifen an engem „Avertissement taxé“, d.h. engem Protokoll vun der Police festgehal ginn.

Des Regele sollten sech awer op de reng private Gebrauch beschränken. Do wou déi ëffentlech Uerdnung gestéiert gëtt an a Fäll wou Drëttpersounen den Accès zum Cannabis op iergendeng Art a Weis vereinfacht kréie, soll keng Toleranz gëllen an déi klassesch strofrechtlech Regelen bestoe bleiwen.

Dëst ass fir eis eng oppe, sozial a responsabel Politik: Eng Positioun déi sech op eis Grondwäerter baséiert, an no räichlechen Iwwerleeungen an Diskussiounen zréckbehale ginn ass.

A net en Thema fir d’Summerlach ze fëllen …

CSJ-Nationalcomité