Skip to content

Mir wëlle méi

mwm2Virun zwee Méint hat de Nationalcomité vun der CSJ en Aarbechtsgrupp agesat fir sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi mir eis Partei an eis eegen Aarbecht an der CSJ am Moment gesinn.

Zil war et Äntwerten ze fannen op d’Froen:

  • Wat kënne mir an Zukunft an der CSJ verbesseren?
  • Wéi eng Verännerunge wënsche mir eis an der CSV a wat wäre méiglech Wéer fir dës ze réaliséieren?
  • Wat kéint bei der Relatioun tëscht CSJ an CSV verbessert ginn?

D’Resultat vun dësen Iwwerleeunge war d’Kongressdokument “Mir wëlle méi”!

Um Kongress den 1. Februar 2014 gouf dëst Dokument, diskutéiert, plazeweis amendéiert an definitiv ofgestëmmt.

Dës endgülteg Versioun fannt dir hei: Mir wëlle méi – Vom Wahlverein zur Denkfabrik