Skip to content

CSJ on Tour 2013

Vill Jonker a CSV-Mandataire hate vun der Geleeënheet profitéiert an der Life Bar an engem relaxe Kader zesummen ze diskutéieren.

E ganz grousse Merci fir de flotten an interessanten Owend un eis Ministeren Françoise Hetto-Gaasch, Octavie Modert, Marc Spautz a Claude Wiseler, un de Chamberpresident Laurent Mosar, un d’Partei- a Fraktiounspresidente Michel Wolter a Gilles Roth, un de Generalsekretär Laurent Zeimet, un Deputéiert Diane Adehm a natierlech un all CSJler a Jonken!

An e besonnesche Merci un eis Fotografin vum Owend Mylène Wagner-Bianchy!