Skip to content

Let’s go! (Deel 2)

Wéi eng Bedéitung de Begrëffer “Integratioun” a “Partizipatioun” um politesche Plang ginn? Wéi eng national, awer och europäesch Dimensioun gëtt et? Wat solle fir eng CSJ do an de nächste Méint d’Prioritéiten sinn? Op wéi eng Froen gëllt et eng Äntwert ze fannen, wéi eng Erausfuerderungen ze meeschteren? Wat funktionnéiert awer och scho gutt zu Lëtzebuerg an an Europa? Och eis Aarbechtsgrupp iwwert “Integratioun a Partizipatioun” huet gëschter top motivéiert hir Aarbecht mat engem éischte Brainstorming opgeholl.