Skip to content

CSJ Nationalcomité vum 25. Mee 2012

An hirem Comité vum 25. Mee huet déi national Equipe vun der CSJ de neie CSV Generalsekretär, Laurent Zeimet, empfaang. An engem oppenen a liewege Meenungsaustausch, hu mir zesummen iwwert d’Aarbecht an der Partei an déi politesch a wirtschaftlech Situatioun am Land diskutéiert. Am Fokus stoungen dobäi  d’Wënsch an d’Intressien awer och d’Roll an d’Erausfuerderunge vun der Jugend an de jonke Generatiounen.

Donieft huet de Comité déi grouss Linne vu sengem Aarbechtsprogramm fir déi nächst zwee Joer festgeluecht a sech mam Thema Asylpolitik beschäftegt.