Skip to content

Table Ronde zum Thema Edukatioun

D’CSJ Osten hat den 10. Juni eng Table Ronde zum Thema Edukatioun a Chomage an der Wäistuff A Possen organiséiert. Um Debat hunn deelgeholl: de Claude Gretsch vum ADRenalin, de Serge Wilmes vun der CSJ, de Philippe Schockweiler fir Déi Jonk Gréng, de Sven Graas fir déi Jonk Lénk, de Lex Delles fir d’JDL an den Régis Moes fir d’JSL.

No engem konstruktiven Debat, dee vum Journalist Jean-Paul Roden geleet gouw, konnt ee sech nach während engem gemeinsamen Iessen aPatt iwwer weider divers politesch Themen austauschen!