Skip to content

Foire de l’Étudiant 2010

Ewéi all Joers waaren d’CSJ-Schüler a Studenten och bei der Editioun 2010 vun der Foire de l’Étudiant mat engem Stand präsent. Während deenen 2 Deeg hunn d’CSJ-Schüler a Studenten Gadgeten an Informatiounsblieder un déi vill Jonker verdeelt déi um Stand laanscht komm sinn. Besuch krutten d’CSJ-Schüler a Studenten ënnert anerem vun der Ministesch Françoise Hetto-Gaasch, den CSV-Députéierten Lucien Thiel an Martine Mergen, dem CSV-Parteipresident Michel Wolter, dem CSV-Generalsekretär Marc Spautz an dem CSJ-Nationalpresident Serge Wilmes. Hei e puer Fotoe vum Stand: