Skip to content

Pacte logement

Léif CSJ’ler,

Léif Jonker,

den 11. Juni 2008 ass de sougenannten “Pacte logement” vun der Chamber gestëmmt ginn, also ee Gesetzesprojet deem de Staat an de Gemengen déi néideg finanziell, legislativ a stéierlech Mëttelen gëtt, fir déi horrent Immobilienpräiser mëttelfristeg ze stabiliséieren a laangfristeg erof ze drëcken. Well et sech deemno ëm een ganz wichtegen Gesetzesprojet handelt, an daat besonnesch fir eis, déi Jonk, präsentéiert Iech d’CSJ hei déi wichtegsten Punkten vum Pacte logement.

Pacte Logement

De Gesetzesprojet iwwert de Pacte logement heecht un sech « Projet de loi promouvant l’habitat, créant un “pacte logement” avec les communes, instituant une politique active de maîtrise du foncier et modifiant certaines dispositions du Code civil ».

Et handelt sech ëm eng ganz Rëtsch vun Mesuren fir d’Immobilienpräiser ze stabiliséieren an erof ze drëcken, fir datt, een vun den elementarsten Menschenrechter, nämlech d’Recht op Wunnen, och an Zukunft gesëchert bléift…


Déi wichtegsten Punkten vum Gesetzesprojet sinn:

· De « Pacte Logement » oder Wunnengsbaupakt

Den zentralen Punkt vum néien Gesetzesprojet ass de « Pacte logement » oder Wohnungsbaupakt tëschent Staat a Gemengen. Et handelt sech un sech ëm eng Conventioun, ee Vertrag, deen de Staat mat bestëmmten Gemengen ageet. Duerch déi Conventioun, bedeelegt sech de Staat un de Käschten déi d’Gemengen bei Bau vun néien Wunnengen an kollektiven Infrastrukturen ze droen hunn. All Gemeng déi bereed ass fir hier Verantwortung ze iwwerhuelen, an zesummen mam Staat fir méi Wunnengen ze suergen, wäert eng finanziell Ënnerstëtzung kréien.

Esou kritt eng Gemeng vum Staat 4.500 Euros pro zousätzlechen Awunner, wann de Wuestum vun der Bevölkerung méi grouss e wéi 1% ass. Ass déi Gemeng och nach IVL-konform, daat heecht, entsprëcht ze den Virgaben vum Integrativen Verkéiers- an Landesplanungskonzept (IVL), dann kann déi staatlech Hëllef esouguer 6.750 Euros pro Awunner sinn. Allerdengs muss d’Awunnerzuel vun enger Gemeng an deenen nächsten 10 Joer op mannst ëm 15% wuessen.

De Pacte logement verpflicht eng Gemeng awer och dozou, fir am Kader vun Konventiounen déi se mat Promoteuren huet, déi op hierem Gebiet aktiv sinn, an all Lotissement (Erschléissung an Andeelung vun néiem Bauterrain) daat méi e wéi 1 ha huet, 10% vum bedaubaren Terrain resp. 10% vun de geplangten Wunnengen, zu moderaten Präiser unzebidden. D’Gemengen verpflichten sech ausserdeem, fir eng Taxe op Terrainën an Wunnegen opzehiewen, déi iwwerdriwwen laang broch léien resp. éidel stoen geloos ginn.

· D’Virkaafsrecht (droit de préemption)

Well weder de Staat, nach d’Gemengen genuch Baulandreserven hunn, kënnen se och net wirklech d’Immobilienpräiser beaflossen. Fir dësem Manktum entgéint ze wierken, an dofir ze suergen, datt d’öffentlech Hand méi Bauland kaafen kann, wäerten Staat a Gemengen, ënnert bestëmmten Konditiounen, ee Virkaafsrecht kréien (droit de préemption).

Esou kréien d’Gemengen z.B. ee Virkaafsrecht op Bauland daat, an den Entwëcklungs- a Restrukturatiounszonen léit, daat néideg ass fir déi regional a sektoriell Bebauungspläng ze realiséieren oder un den Agglomeratiounsperimeter grenzt. Allerdengs faalen Terrainën, déi z.B. veriewt oder öffentlech versteet ginn, net ënner d’Virkaafsrecht vun de Gemengen an vum Staat.

· D’Emphythéose an den « droit de superficie »

D’Gesetzgebung iwwert d’Emphythéose (vum griecheschen « emphuteusis », « eppes planzen », = Bebauungsrecht) an den « droit de superficie » (Flächennotzungsrecht) wäerten moderniséiert ginn. D’Emphythéose an den « droit de superficie » sollen een effikasst Mëttel géint déi ze héich Wunnengs- a Baulandpräiser sinn, well se keng héich Basisinvestissementer virausëtzen (et brauch een net direkt honnertdausenden vun Euroën ze investéieren fir sech en Terrain oder eng Wunneng ze kaafen).

De Prinzip vun der Emphythéose an dem « droit de superficie » ass folgenden :

De Staat an d’Gemengen stellen Terrainën zur Verfügung op déi een dann d’Recht kritt fir ze bauen resp. fir den Terrain ze notzen. Dës Rechter sinn Joerzéngten laang gülteg an et brauch een just all Joers eng finanziell Geigenleeschtung ze bezuelen. Et kritt een un sech vum Staat oder vun de Gemengen een Terrain zur Verfügung gestallt deen engem nëmmen während enger bestëmmter Zäit gehéiert an fir deen een eng Zort Loyer bezielt. Den groussen Avantage ass, daat een net muss grouss Geldsommen hun fir sech iwwerhaat eppes leeschten ze kënnen.

D’Emphythéose ass tëschent 27 (Minimum) an 99 Joer (Maximum) gülteg a kann ernéiert ginn. D’Emphythéose ass ee Recht daat een och oftrieden resp. verierwen kann. Wann d’Emphythéose ofgelaaf ass, da gehéiert alles waat um Terrain gebaut ginn ass nees dem Propriétaire.

Den «droit de superficie » ass ähnlech e wéi d’Emphythéose. D’Ënnerscheeder sinn :

  • Et gett keng Minimal Dauer vum Vertrag, de Maximum ass awer 99 Joer.
  • De Vertrag kann awer verlängert ginn.
  • Alles waat um Terrain gebaut ginn ass gehéiert herno och nees dem Propriétaire mee hien muss et awer der Persoun, déi et gebaut huet, zum aktuellen Wert ofkaafen.

Niewend dësen fundamentalen Dispositiounen, wäert d’Gesetz iwwert de Pacte logement awer och nach:

  • d’Enteegnungsprozedur reforméieren
  • d’Grondstéier an d’Flächennotzungsgesetz reforméieren
  • d’stéierlech Vergënschtegungen beim Verkaaf un d’Staat a Gemengen aféieren