Skip to content

CSJ-Nationalkampagne FOCUS JONK


FOCUS JONK

Dëst ass déi nei Kampagne vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend, der

CSJ

D’CSJ ass eng politesch Partei, gläichzäiteg ass sie awer och eng Vereenegung vu jonke Leit, déi sech mat hirem Engagement fir d’Interesse vun de JONKEN staark mécht.

DU

den Eenzelnen, stees bei ons am Mëttelpunkt.

An deenen nächste Méint wëlle mir gäeren mat DIR zesummen e Bleck op d’Situatioun vun deene JONKEN hei zu Lëtzebuerg geheien.

Firwat?

Ons Gesellschaft ass an enger staarker Verännerung.

Dës Ännerunge si besonnesch fir ons JONKER eng grouss Erausfuerderung, well mir eréicht um Ufank vun onsem Liewenswee stinn a mir ons Plaz an dëser Gesellschaft eréicht entdecke mussen. An enger Welt, déi ëmmer mei komplex gëtt, hunn der awer vill vun ons genau domadder Problemer. Mir mussen also zesumme Léisunge sichen a fannen fir dat ons Zukunft mindestens esou gudd ka sinn, ewéi eis Géigewart.

D’CSJ wëll datt jidfer Jonken hei zu Lëtzebuerg d’Chance kritt fir sech fräi ze entwéckelen an e selbststännegt Liewe kënnen ze féieren.

Fir datt dëst méiglech gëtt, wëlle mir ons mat DIR zesummesetzen a MATENEEN

diskutéieren

informéieren

a sensibiliséieren

Wou?

Bei onsen Aktivitéiten,

dei an dräi grouss Themen agedeelt sinn:

Hierkonft,

Bildung-Erzéiung

Eraklammen an d’Erwuesseliewen

D’Kampagne “Focus Jonk” fänkt am Juni un mam Thema:

“Hierkonft – Zesummeliewen?”

Mir Jonker hunn net alleguerten déi selwecht Hierkonft. Eenzel gekuckt hu mir verschidde Nationalitéiten, verschidde kulturell Wuerzelen, kommen aus diverse soziale Schichten, liewen a ganz verschiddene Verhältnisser, kuerz mir sinn ganz ënnerschiddlech, mir sinn Individue mat eegene Problemer an Ängschten!

Mee am gemeisame Gespréich mierke mer, dat mer eigentlech alleguerte vill Gemeinsamkeeten hunn, ähnlech Suergen, Dreem an Hoffnungen. Et misst demno och am 21. Joerhonnert fir eng Gesellschaft méiglech sinn, datt all hier Membere MATENEEN liewen an net nierwteneen. Dat alldeeglecht Liewe weist ons awer, datt dës Virstellung hei zu Lëtzebuerg ëmmer manner der Realitéit entsprecht.

Vill ze vill vun ons Jonke gi wéinst hirer Hierkonft vun der Gesellschaft ausgestouss, mussen ënnert haarden Emstänn versichen sech duerch d’Liewen ze schloen an hunn oft keng Zukunftsperspektiv mei.

Beim Thema “Hierkonft – Zesummenliewen?” stellen mir ons dofir dës zentral Froen:

· Wéi eng verschidden Origine hu mir Jonker hei zu Lëtzebuerg?

· Wéi beaflosst d’Hierkonft engem Jonken säi Liewen?

· Wéi eng Hierkonft hunn déi Jonk, déi schon a sozialer Ausgrenzung liewen oder riskéieren an der Gesellschaft net riicht Fouss faassen ze kennen?

Fir op dës Froen eng Äntwert ze fannen, wëlle mir gäeren zesumme mat DIR eraus op den Terrain goen fir ons zesummen ze informéieren iwwert Problemberäicher, an dene sech Jonker, bedéngt duerch déi verschiddenst Beräicher vun hirer Hierkonft, kënne befannen. Mir wëllen iwwer dës Problemer disktutéieren a schliesslech fir gesellschaftlech Verbesserungsméiglechkeete sensibiliseieren. Dofir maach bei folgenden Aktivitéite mat:

1. Freides, den 8. Juni, 18h00, Visite vun der Ausstellung iwert d’Migratioun “Retour de Babel” zu Diddeleng am aalen “Laminoire” vun der ARBED. (Internetsite: www.retourdebabel.org ) De Rendez-Vous fir d’Ausstellung ass um 17h45 virun dem Laminoire.

D’Austellung ass an enger Hall vum aalen ARBED-Laminoire, deen sech zu Diddeleng op der Route de Thionville befënnt. Fir de Laminoire ze fannen musst du, wanns du mam Auto kenns, zu Diddeleng a Richtung Frankräich/Volmerange fueren. Et sinn och Schëlder mat bloen Feiler respektiv dem bloen Hirsch vum Kulturjoer zu Diddeleng opgestallt ginn. Wanns du deenen nofiers kënns du bei de Laminoire. Do stinn dann Parkplazen zur Verfügung.

Wanns du den öffentlechen Transport benotzt, dann huel den Zuch fir op Diddeleng a klamm net op der Statioun Diddeleng-Centre mee op der Station Diddeleng-Usine eraus. Quesch Vis-à-Vis vun der Statioun ass de Laminoire. Fir dohinner ze kommen muss du just nach iwert eng Bréck goen.

Falls du de Wee fir an d’Ausstellung elo awer net fannen geifs, dann ruff um 661 46 41 66 un.

2. Freides, den 15. Juni, OPGEPASST, ÄNNERUNG AM PROGRAMM: weenst engem administrativen Feeler zu Givenich, ass d’Visite vum “Centre pénitentiaire de Givenich” OP FREIDES, DEN 29. JUNI VERLUECHT GINN!!! Den 15. Juni ass also just d’Visite vum “Centre socio-éducatif de Dreiborn”. D’CSJ entschëllegt sech fir dech kuerzfristeg Ännerung a bied dech em däin Verständnis.

D’Visite fänkt Moies, um 10h00 zu Dräibuer un an dauert bis etwa Mëtteg. Dono kann een zesummen eppes iessen goen. De Rendez-vous ass um 9h45 zu Dräibuer.

De *Centre socio-éducatif de Dreiborn” huet d’Zuel vun den Visiteuren op 15. limitéiert. Dofir ass et wichteg sech esou fréi e wéi méiglech un zemëllen well déi Eischt sinn vir.

Fir op Dreiborn ze kommen, ass et am beschten den Auto ze huelen an Tréierautobunn Richtung Tréier ze fueren bis bei d’Sortie Flaxweiler. Vun do aus sinn et nëmmen méi e puer Kilometer bis op Dreiborn. De Wee misst ab der Autobunnssortie gezeechent sinn wann net dann fuer einfach Richtung Wormeldange an dann kennt een automatesch laanscht Dreiborn.

3. Dënschdes, den 19. Juni, um 15h15, Informatiouns- an Diskussiounsdag bei der “Aids-Berodung” . Adresse: 94, Boulevard Général Patton, L-2316 Luxembourg, Internetsite: http://www.croix-rouge.lu/sante/link_aidsberodung.htm)

Rendez-vous ass um 15h00 virun dem Gebéi vun der Aidsberodung. Fir dohinner ze kommen muss een an der Stad Richtung Verluerenkascht fueren an zwar iwwert de boulevard d’Avranches (daat ass déi Stroos wou soss ëmmer de Pulp wuar an wou elo e groussen Hotel gebaut gouf) bis een riets bei d’Polzeizentral um Vuerluerenkascht ofbeien kann. Et ass awer net déi Stroos (dei heecht rue Marie et Pierre Curie) mee direkt dei nächst Stroos riets. Dei muss een dann nach e besschen weiderfueren bis een op Nr. 94 kennt.

4. Enn Juni, Informatiouns- an Diskussiounsdag bei der “Jugend- an Drogenhëllef”. Adresse, 93, rue d’Anvers, L-1130 Luxembourg, Internetsite: www.jdh.lu .

5. Freides, den 29 Juni, (Auerzäit gett nach präziséiert) Visite vum “Centre pénitentiaire de Givenich”, Adresse: Maison 9, L-6666, Givenich, Internetsite: www.spse.etat.lu

Wanns DU elo interesseiert bass fir bei den Aktivitéiten vun der Kampagne

“Focus Jonk” matzemaachen,

dann mëll dech un op

csj@csj.lu

oder

Tél. 22 57 311