Skip to content

Luc Bertemes verteidigt CSJ-Position zur EU Verfassung im Parlamentshaus

Anlässlich des Jugendkonvents am 13 Mai im Parlament, hat Luc Bertemes die CSJ-Position zur EU-Verfassung in einer engagierten Rede verteidigt.
Das Jugendkonvent das zum Thema EU-Verfassung sowie doppelte Staatsbürgerschaft von der nationalen Jugendkonferenz (CGJL) in Zusammenarbeit mit der Chamber organisiert wurde begeisterte über 100 Jugendliche. In 4 Arbeitsgruppen wurde kontrovers diskutiert, zusammen mit Experten und nationalen sowie Europaabgeordneten. Während der “Séance plénière” hatte die Jugendkonferenz ihre Mitgliedsorganisationen augefordert ihre position zur EU-Verfassung darzulegen. 9 Organisationen waren dem Aufruf gefolgt, wobei 7 sich positiv zum Verfassungsvertrag äusserten.So auch Luc Bertemes, Präsident der CSJ-Sektion Dudelange:

Madame Minister,
Dir Dammen an Hären Députéiert,
Léif Frënn a Kollegen,

Déi Verfassung vun där an der läscht vill diskutéiert gett ass nët iwwer de Knéi gebrach. Schon virun der Grennung vun der EG waren éischt Iddien vertrueden fir Europa eng Konstitutioun ze gin a säitdeem sin och vill weider Ëntwerf viirgeluecht gin. Fir déi Verfassung, vun där mer am Moment schwätzen, ass de Grondsteen am Joër 2001 geluercht gin. 105 Leit hu während 16 Méint dru geschafft an den 13 Juni 2003 war d’Propos färdech. Lo ass et un eis fir eis ze froën waat brengt se eis, waat brengt se Lëtzebuerg, a waat brengt se dem Friddensprojet Europa? Déi allermeescht hei bannen sin an engem fräien Europa opgewuess, een Europa ouni Grenzen an een Europa mam Mënsch am Mëttelpunkt. Daat alles ass fir eis eng gewessen Selbstverständlechkeet gin, an dowéinst ass et fir eis wichteg dass mir erklärt kréien, an drun erënnert gin wéi wichteg Europa fir eis eigentlech ass.

An deenen verschiddenen Rapport’en vun den verschiddenen Aarbechtsgruppen ass elo och däitlech gin, dass déi Konstitution vun där mer hei schwätzen nët perfekt ass an e ganze Koup negativ Aspekter sin erfiirgestrach gin, an duerfir wollt ech iech awer elo och e ganze Koup positiv Aspekter, déi an där neier Konstitutioun vertruerden sin viirstellen.

Dorenner zum Beispill de Respekt viirun der Mënschenwiirdechkeet, d’Fraiheet fir all eenzelnen, d’Demokratie an Gläichheet, d’Respektéieren vun de Mënscherechter, d’friddlech Koexistenz vu verschiddenen Usiichten, d’Solidaritéit, keng Diskriminatioun, d’Förderen vum Fridden an d’Wuelbefannen vun all Biirger. Fir dass mir virun kommen muss déi nei Konstitutioun Europa virun bréngen, se muss d’Eenegung an Europa virun dreiwen an déi Europäësch Institutioune stärken. Ausserdeem muss se d’Roll vun Europa an der Welt ausbauen.

Déi Verfassung huet sech Zieler gesaat: Dorënner déi friddlech Uerdnung op eisem Kontinent, déi ökologesch Maartwirtschaft, de sozialen Fortschrëtt mat dem Ziel Vollbeschäftegung, an, emmer méi wichteg den Erhalt vun eiser Ëmwelt. Un déi Punkten, un déi Viirdeeler, mussen sech natiirlech och déi nei Bäitrettskandidaten haalen an dowéinst wärten sech vill Diskussiounen iwwer näi Bäitredder vereinfachen. Europa wärt an Zukunft, wan déi Konstitutioun a Kraft trëtt, een Ausseminister kréien, an ausserdeem wärt den Europäëschen Root an öffentleche Sitzungen zesummen kommen, waat dobäi méi Tranzparenz fir den Biirger bedeit. Weider Ännerungen sin dass déi selwecht Präsenz vu klengen wéi och groussen Staaten garantéiert ass, wéi bis elo och, awer lo nët méi no engem permanenten Prinzip, mais no engem Rotationsprinzip. Ausserdeem gin d’Regierungen vun deenen eenzelnen Staaten weider, an nach méi ferm an d’Europapolitik mat agebonnen.

Secher ass déi Konstitutioun iwwer déi mer hei diskutéieren een Kompromëss an nët perfekt daat aleng schon dowéinst well esou vill verschidden politesch Stréimungen mat geschaft hun. Mais mer mengen daat huet déi Konstitutioun nët geschwächt, mäis éischter méi staark gemaach. D’CSJ ass der Meenung dass déi Konstitutioun déi hei viir läit deen bäschten Kompromëss ass deen Europa am Moment kann hun.

Sierf ët Bech, Werner, Santer oder Juncker, vill grouss Lëtzebuerger hun, a sin am gaang grouss Leeschtungen viir a mat Europa ze maan, dofir kommt mir ënnerstëtzen se.

Der CSJ jiddefalls ass et bei dësen positiven Argumenter nët schwéier gefall fir eis fir en JO den 10. Juli ze entscheeden.