Skip to content

EYE 2016 zu Stroossbuerg

Eng Delegatioun vun der CSJ war den 20. an 21. Mee um EYE 2016 am Europäesche Parlament zu Stroossbuerg. Den EYE (European Youth Event) gëtt all 2 Joer vum “European Youth Forum” organiséiert. Iwwer 7.000 Jugendlecher tëscht 16 an 30 Joer aus 39 europäesche Länner haten de Wee op Stroossbuerg fonnt, fir iwwer Aussepolitik, Jugendchômage, Digitaliséierung an d’Zukunft vun der Aarbechtswelt ze diskutéieren. Eis Participanten hunn och d’Kollege vun der EUPAS (European Pupils Association) getraff an nei Kontakter mat europäesche Partnerorganisatioune geknäppt.
Mir freeën eis schonn op den EYE 2018.