Skip to content

Treffe CSJ – “Nëmme mat eis”

De 7. Juni huet eng Delegatioun vun der CSJ sech mat der Vereenegung “Nëmme mat eis!” getraff. Gespréichsthema war den Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Regierung am Kader vun der UN Konventioun fir Menschen mat Behënnerung. (Dëst Ofkomme gouf och vu Lëtzebuerg ratifizéiert).

Eng gesetzlech Unerkennung vun der Gebärdesprooch, ee Behënnertebeoptraachten op nationalem Niveau, Inklusiounsklassen an domat eng Schoul fir jiddereen, eng “école différenciée” just nach fir déi, wou et wierklech ubruecht ass, … déi Responsabel vu “Nëmme mat eis” gesinn nach Handlungsbedarf. Fir d’CSJ ass kloer, datt alles muss gemaach ginn, fir, datt och d’Mensche mat Behënnerung hiert Recht op Selbstbestëmmung kënne liewen. Oft fällt et engem Mensch ouni Behënnerung mol net op, wou d’Schwieregkeeten um Terrain wierklech leien. D’Méiglechkeet sech um gesellschaftleche Liewe  ze bedeelegen, däerf awer net nëmmen um Pabéier existéieren, ma muss fir all Mënsch garantéiert sinn.